Orange Week: Ciné-Debat ''Brainwashed''

27/11/2024
Orange Week: Ciné-Debat ''Brainwashed''
Play

De 25. November ass den eigentlechen Dag vun der Ofschafung vun der Gewalt géint Fraen, also den Orange Day. A vun deem Dag u bis den 10. Dezember dauert d'Orange Week zu Lëtzebuerg. Déi Deeg ginn eng Rei Aktiounen a Manifestatiounen organiséiert fir dës Gewalt ze thematiséieren a fir ze kucke wat ee ka maache fir se aus der Welt ze kréien. D'Escher Gemeng organiséiert an dem Kader bis de 15. Dezember eng Expositioun am Fräie mam Numm ''Brisons le silence'' a bitt och Selbstverdeegegungscoursen un. Dernieft gëtt et och e Ciné-Debat iwwert d'Duerstellung vu Fraen a Filmer.