"The Contestant": 15 Méint laang plakeg agespaart

02/12/2024
"The Contestant": 15 Méint laang plakeg agespaart
Play

Op Disney+ kann een aktuell d’Doku “The Contestant” kucken. De Film weist, wéi iwwerflächlech a grausam d’Ufäng vu Reality TV an den 90er waren. Et geet ëm ee japanesche Comedian, dee 15 Méint laang plakeg an enger Wunneng gefilmt gouf an net wousst, dass him all Woch Millioune Mënschen nokucken.