Erkältungszäit: Wann d'Nues zou ass
09/12/2024

Hierscht- a Wanterzäit ass Erkältungszäit an do bleift scho mol en decke Schnapp net aus. Och wann dëse meeschtens nees esou geet wéi e komm ass, gëllt et sou gutt wéi méiglech doduerch ze kommen. An do kënnt dann, ënnert anerem och alt gäre mol den Nuesspray zum Asaz.
