Textes sans Frontières
14/12/2024

''Textes sans Frontières'' ass e Projet, dee viru méi wéi 20 Joer vum Serge Basso de March, deemolegen Direkter vun der Kulturfabrik an der Marja-Leena Junker, fréier Directrice vum Theatre du Centaure entstanen ass. Hir Inspiratioun war et fir Kulturpartner aus Lëtzebuerg, der Belsch an der Regioun Grand-Est zesummen ze bréngen an e Festival mat Liesunge vun zäitgenësseschen an dramaturgeschen Texter ze schafen.
