Reportage Meng Geschicht HRS 28.1.2025 9h20
28/01/2025

De Roger Steyer krut am September 2023 vum Orthoped Dr. Philippe Wilmes aus den Hôpitaux Robert Schumann an enger Operatioun vu bal 3 Stonnen zwou Knéiprotheese mateneen agesat. Am Videocast «Meng Geschicht» zielt de Kiné, wéi sech seng Liewensqualitéit zanterhier immens verbessert huet.
