ESC 2025: d'Laura Thorn fiert op Basel
27/01/2025

E Samschden um Luxembourg Song Contest konnt d'Laura Thorn am meeschte Punkte sammelen; dowéinst steet dann elo fest datt mir dëst Joer "La poupée monte le son" um Eurovision Song Contest héieren. D'Sängerin war de Moien am Studio.
