Kënschtlech Intelligenz: DeepSeek iwwerhëlt ChatGPT

29/01/2025
Kënschtlech Intelligenz: DeepSeek iwwerhëlt ChatGPT
Play

D'Popularitéit vun der KI-App vun der chineesescher Firma DeepSeek ass an der leschter Woch explodéiert. DeepSeek huet mëttlerweil esouguer ChatGPT vum US-amerikaneschen Ubidder OpenAI bei den Downloads am Apple-Store iwwerholl. E Méindeg sinn dowéinst d'Aktiecoursë vun de féierenden US-Tech-Entreprisen agebrach, Chris Reuter.