12. Februar: Weltdag vun der Epilepsie

11/02/2025
12. Februar: Weltdag vun der Epilepsie
Play

Integratioun an d‘Krankheet enttabuiséiere sinn d‘Ziler vum Welt-Epilepsie Dag. Vill Mënschen déi ënnert Epilepsie leiden hu mat Stereotyppen ze kämpfen an trauen sech net iwwert hir Krankheet ze schwätzen. Zesumme mam CHL wëll d‘Associatioun fir Persoune mat Epilepsie d‘Bevëlkerung iwwert dës Krankheet informéieren a sensibiliséieren. Epilepsie kann nämlech vill verschidde Formen unhuelen, ass quasi onheelbar, a ka bei jidderengem an all Liewenssituatioun virkommen. Chris Meisch