Fro den Affekot: Nei Reegelen bei de Petitiounen
25/02/2025

Et ass ee mëttlerweil gewinnt, dass all Mount op d'mannst eng hallef Dosen nei Petitiounen erauskommen. Et sinn dëst Iddien, also Proposen fir dass eis Politiker um Krautmaart sech och emol mat dësem oder deem Thema befaassen sollen, respektiv mussen, wann déi néideg Zuel vun Ënnerschrëften erreecht gëtt. Awer do wäerten sech elo geschwënn e puer Saachen änneren.
