RTL Reporter - De Won vum FC 47 Baastenduerf op der Dikrecher Kavalkad
28/02/2025

Gëschter war Fetten Donneschden an d’Fuessaison zu Lëtzebuerg ass domat sou richteg lancéiert. E Sonnden ass dann déi éischt Kavalkad vun der Saison hei zu Lëtzebuerg an zwar zu Dikrech. Tëscht 8 an 10 Méint ass een do amgaangen ze organiséieren, fir datt um groussen Dag och alles klappt, eng 34.000 Léit waren et d’lescht Joer. Mat dat Wichtegst ass de Cortège an dofir hunn sech eng ganz Partie Clibb an de leschte Méint immens dru gi, vir e flotte Won opzeriichten. Zanter Oktober treffen sech puer Membere vum FC 47 Baastenduerf a bauen un hirem Kavalkade-Won. De Loïc Juchem ass de Moie bis an den Depot gefuer a kuckt ob fir e Sonndeg alles prett ass.
