D'Sonn - E Gratis Dokter fir Kierper a Geescht
04/03/2025

Hutt der Iech och schonn mol d'Fro gestallt, wisou d'Leit alleguer besser drop sinn, esoubal d'Sonn dobausse schéngt? Deet et eis gutt, well et méi waarm gëtt, oder spillt nach eppes anescht eng Roll? A mécht e bloe Himmel eis automatesch glécklech oder ass dat just esou eng psychologesch Astellung?
