Zu viel Retro: de Joris am RTL-Interview

07/03/2025
Zu viel Retro: de Joris am RTL-Interview
Play

E Méinden (10/03/2025) ass den däitsche Kënschtler Joris fir e weidere Concert zu Lëtzebuerg. D'lescht Joer ass hien um Usina opgetrueden, dës Kéier feiert hien den Optakt vu senger aktueller Tour, mat sengem neien Album Zu viel Retro, zu Diddeleng OpderSchmelz. A well de Joris fläisseg zu Diddeleng trainéiert a schonn zënter e puer Deeg am Land ass, huet hie sech Zäit geholl an ass bei den Dan Spogen an den RTL Wecker komm.