Glécksfuerschung - Kann ee Gléck definéieren?
04/04/2025

Mir wëllen ëmmer méi. Méi Erfolleg, méi Suen, méi Frënn, méi Léift. All Wonsch ass fir dem héchsten Ziel vum Liewe méi no ze kommen, nämlech dem Gléck. Gëtt een dat Wuert "Gléck" an der Google Sichmaschinn an, da kritt ee Milliounen Äntwerten. All Mënsch wëll et a kee kann et iergendwéi dauerhaft festhalen, Michèle Schons?
