Viru 60 Joer: France Gall gewënnt ESC fir Lëtzebuerg

30/03/2025
Viru 60 Joer: France Gall gewënnt ESC fir Lëtzebuerg
Play

Den 20. Mäerz 1965 huet d'France Gall mat "Poupée de cire, poupée de son" de Grand Prix Eurovision de la Chanson fir Lëtzebuerg gewonnen. Virum Optrëtt zu Neapel hat d'France Gall dem Lëtzebuerger Museksjournalist Raymond Tholl en Interview ginn. An deem Interview huet d'Kënschtlerin ënnert anerem verroden, dass si mat der Selektioun fir Lëtzebuerg net vill ze dinn hat.