Kimberly Darcy-Mae: Karate-Weltmeeschterin gëtt Schauspillerin

03/04/2025
Kimberly Darcy-Mae: Karate-Weltmeeschterin gëtt Schauspillerin
Play

D'Kimberly Nelting ass 2017 Karate-Weltmeeschterin bei de Juniorinnen an 2021 Europameeschterin bei den U21 ginn. Am Laf vun där sportlecher Karriär huet sech awer eng ongesond Relatioun mam Sport entwéckelt. Dat huet dozou gefouert, dass d'Kimberly nom EM-Titel 2021 mam Karate opgehalen huet. Elo studéiert déi fréier international Top-Athletin Schauspill op der UdK zu Berlin.