Jeff Goldblum and the Mildred Snitzer Orchestra zu Lëtzebuerg
07/04/2025

An de Filmer ''Wicked'' nieft Ariana Grande a Cynthia Erivo ass en den Ament ze gesinn, vill kennen hien duerch d'Filmer “The Grand Budapest Hotel” oder ''The Fly”, “Independence Day” oder och nach “Jurassic Park”. An der Netflix Serie “KAOS” war hien och mat vun der Partie. Abee seng Filmkarriäre geet iwwer 6 Joerzéngten an den Jeff Goldblum ass an der Filmwelt eng fest Gréisst. Awer och als Jazzpianist huet hie sech en Numm gemaach an huet virun 30 Joer de ''The Mildred Snitzer Orchestra'' an d'Liewe geruff. 3 Albe si bis elo entstanen. Nieft den Opnamen, déi fir hien all Kéiers nees eppes Aussergewéinleches sinn, brennt hie live opzetrieden a mam Publik eng Verbindung opzebauen. Marie Gales
