De Maulef - méi nëtzlech wéi schiedlech
07/04/2025

Op en éischte Bléck huet de Gaardefrënd mam Maulef wéineg gemeinsam, ausser dass se Allenzwee gären am Buedem wullen a gruewen. Ma ville Leit si Maulefskéip awer en Dar am A. Dobäi sollt een sech eigentlech freeën, wann esou en Déierchen engem de Buedem ëmgrueft.
