Wëllplanzesom Lëtzebuerg - Wëll Schéinheeten

08/04/2025
Wëllplanzesom Lëtzebuerg - Wëll Schéinheeten
Play

Wëllplanze gesinn net nëmme schéin aus, si liwweren de Bestëbser och lieweswichteg Nahrungsquelle wéi Nektar a Pollen. Och stellen se villen Insekten, Villercher an aneren Déieren e Liewensraum zur Verfügung. Nieft dem ekologesche Wäert si Wëllstauden besonnesch gutt fir Beeter, well se robust an ideal un déi lokal Konditiounen ugepasst sinn. Ausserdeem bléien se e puer Joer an hu kee Problem mam Wanter.