Serge Tonnar Trio: Sitt live beim Enregistrement vum neien Album dobäi
09/04/2025

Zanter 2023 scho gëtt et den Serge Tonnar Trio, vill huet een awer nach net vun hinnen héieren, ma elo soll sech dat awer änneren. Dohannert stiechen nieft dem Tonnar och d'Jazz-Museker Michel Meis (Batterie) a Boris Schmidt (Kontrabass). Nodeems se elo 3 Deeg laang eng Residenz zu Wolz am Prabbeli haten, gëtt elo deemnächst en Album opgeholl. Dat ganzt soll Live passéieren an och Publikum ass wärend dësen Opnamen erwënscht.
