Haut virun...
30/04/2025

... 50 Joer geet de Vietnamkrich op en Enn, wéi Saigon virun der nordvietnameesescher Arméi kapituléiert. Nord a Süd ginn d'Joer drop zur Sozialistescher Republik Vietnam zesummegeféiert. Wärend engem Joerzéngt flüchten duerno 1,6 Millioune Leit aus dem zanterhier kommunistesche Land.
