Festival de Cannes: den 78. Fimfestival fänkt en Dënschden un
11/05/2025

Iwwermuer (13/05/2025) fänkt déi 78. Editioun vum Festival vu Cannes un, deem bedeitendsten a renomméiertste Filmfestival op der Welt. Am Virfeld ass natierlech vill iwwert d'Weltpremière vum leschte Volet vu "Mission impossible", geschwat ginn, mee soss waren och d'Commentairen an der Fachpress iwwert d'Selektioun äusserst positiv. Den Joy Hoffmann kuckt op déi offiziell Selektioun no vir.
