Käschtenzäit - Wat kann ee mat Päerdskäschte maachen?
28/10/2025

Si blénkt wéi frësch lackéiert a läit zu Dosenden op Weeër a Wisen. D'Päerdskäscht ass d'Musterbild vum Hierscht, fir Kanner e Bastelparadäis, fir Erwuessener dacks en nostalgesche Réckbléck an déi eege Kandheet. Ma esou schéi wéi d'Käscht ausgesäit, iesse kann een se net. Réi a Wëldschwäin kënnen se verdauen, Hond, Päerd a Mënsch sollte léiwer d'Patten dervu loossen. Am Géigesaz zu der Marron si gëfteg Batterstoffer dran, déi Mo-Darm Problemer maache kënnen.
