Do wou Anti Gaspillage gelieft gëtt
24/11/2025

Anti Gaspillage eis Thema an de nächste Minutten. Vill gëtt doriwwer gepriedegt, mee wat geschitt do konkret?
Mir huelen iech elo mat op eng Plaz wou dat mam Anti-Gaspillage gelieft gëtt. De Christian Schmit war dowéinst beim Ben Weber zu Haller op Besuch. Hei gëtt Uebst a Geméis wat ze vill ass, oder net de Normen entsprécht a soss géif ewech gehäit ginn, verschafft.
