Eng gutt Lies

Den neie Guide Vinslux
Pënktlech fir d’Feierdeeg läit eng nei Oplag vum Guide Vinslux am Buchhandel. Responsabel heifir ass op en Neits de Claude François. De Christian Schmit huet sech mat him doriwwer ënnerhal.
De Guide Vinslux soll och déi Kéier Appetit op eis wonnerbar Cruen op der Lëtzebuerger Musel maachen. A neierdengs jo och vereenzelter vun der Our an der Sauer. Dat éischt wat opfält, e neit Format?
"Jo et ass en anert Format aus verschiddene Grënn. Dee vun der Lisibilitéit, fir dass een dat wat do steet, besser ze liese kritt aus engem Goss. Wann e muss bliedern, da gëtt e jo och vläicht ofgehalen de ganzen Artikel ze liesen."
Elo dann am DIN a 4 Format, an dat Ganzt an 3 Sproochen, wëll mir jo zu Lëtzebuerg ganz polyglott sinn.
"Jo an et ass jo esou dass hei all Produzente dra sinn vun eiser Musel déi et gëtt. Eis Kellereien, mee och Négociant’en wéi e seet, an d’Privat Wënzer. Esou kann jiddereen deen dra bliedert, sech informéieren iwwer déi Saachen déi e vläicht kennt, an di nei Saachen déi gemaach ginn, an iwwer Domaiunen déi nach guer net bekannt sinn, déi méi kleng sinn, an och interessant sinn."
Fir de Claude François ass et bei senger Preparatioun och ëmmer eng Entdeckungsrees duerch d’Wäikelleren?
"Jo ëmmer, all Dag. Dat Flott un den Degustatiounen, ech degustéiere jo ganz vill Wäiner, méi wéi Dausend, wann een dat alles zesummerechent an engem Joer fir de Guide kënnen ze maachen. Do entdeckt een ëmmer nei Geschichten, et ass ëmmer spannend fir e nächsten Wäin oder Crémant ze schmaachen, et kéint jo dee Beschte sinn deen e jee hat"
E grousst Kapitel ass den diversen ënnerschiddleche Laagen op eiser Musel dédiéiert. An och eng Partie Rezepter vun der EHTL, der Ecole d’Hôtellerie et du Tourisme du Luxembourg?
"Rezepter fir vegetaresch Kichen. Di sinn dräi Profen déi dat fir mech, also fir de Guide gemaach hunn. A nëmme vegetaresch. Firwat, majo vegetaresch Kiche passt extreem gutt zu Lëtzebuerger Wäiner, an och emgedréit."
De Bléck geet och an Zukunft am neie Guide Vinslux, mat enger Inauguratioun déi sech fir 2026 op eiser Musel annoncéiert. Enfin de Musée du Vin?
"Natierlech gëtt dat e groussen Highlight d’nächst Joer. Ech hunn et och esou genannt am Buch. Dat gëtt e flotte Site fir Öenotourismus, an och fir Leit déi sech einfach fir Wäiner interesséieren, an do och verschidde Saachen entdecken."
De Guide Vinslux 2026 an all gutt Librairie ze fannen, a kann um Site www.prima.lu fir 25 Euro bestallt ginn, a kritt dësen dann heem geschéckt.
