Kleng Fruucht, grouss Wierkung - firwat ass d'Molbier esou gesond?

13/01/2026
Kleng Fruucht, grouss Wierkung - firwat ass d'Molbier esou gesond?
Play

Kleng, ronn a blo - d'Molbier ass aus de villen Uebstzorten net méi ewechzedenken.

Ma déi séiss Bier ka wäit méi, wéi nëmme gutt schmaachen. Molbier, Blobier oder op däitsch Heidelbeere gehéiert zu deene gesondste Friichten iwwerhaapt. Si stieche voll Vitaminnen, virun allem Vitaminn C a K an enthale vill Ballaststoffer. Besonnesch bekannt sinn se awer fir hir Antioxidanten. Dës schützen eis Zelle viru fräie Radikaler an hëllefen dem Kierper gesond ze bleiwen. De Spëtzekach Pit Wanderscheid erkläert.