Hitmaschinn 1976: Viking I

Dëse Sonnde geet d'Rees an d'Joer 1976. En historescht Joer fir d'Raumfaart. Fir d'éischte Kéier ass eng Sond dauerhaft um Mars gelant.
Am Juli 1976 setzt d’ Viking 1 um roude Planéit op.
Bennant ass de Weltraum-Programm no de Wikinger, déi jo als éischte an Amerika gesegelt waren.
D’ Viking 1 war en technescht Wonnerwierk. Gestart den 20 August ’75 op Cape Canaveral mat enger Titan Rakéit, huet d’Sond aus zwee Deeler bestan: engem Orbiter, an engem Lander.
Nodeems d’Sond am Juni ‘76 eng Emlafbunn vum Mars erreescht hat, hunn déi zwee Deeler sech vunenee getrennt.
Den Orbiter ass an der Emlafbunn bliwwern, de Lander huet de Wee Richtung Uewerfläch vum Mars ageschloen an ass den 20. Juli 1976 och do ukomm.
Den Optrag vun der NASA Sond ass nawell éiergäizeg: si soll Biller liwweren, de Buedem ënnersichen, an eng vun de gréisste Froe vun der Mënschheet beäntweren: gëtt et Liewen ausserhalb vun der Äerd?
Den Orbiter huet 37’000, de Lander 2300 Biller geliwwert. D’Sond hat och 4 biologesch Experimenter u Bord fir d’Uewerfläch vum Mars ze analyséieren.
Zesumme mat der Viking 2, déi e puer Méint méi spéit geland ass, huet de Projet d’amerikanesch Regierung deemools Ronn eng Milliard Dollar kascht.
D’Resultat: onkloer. D’Experimenter weise Verännerungen, déi kéinten vun organeschem Liewe kommen. Awer net mussen.
Wie Life on Mars wëll, dee muss also weiderhinn op den David Bowie zréckgräifen. Dee war schonn 1971 esouwäit.
