Konscht aus Frascht - Äisblumme vum Peter Jeschke
19/01/2026

Schéin awer vergänglech
A kale Wanternuechte wuessen se u Fënsteren, op Autosfënsteren, op Metall. Filigran Strukturen aus Äis, och Äisblumme genannt. Fir déi meescht sinn se just en Zeeche vu Frascht. Fir de Fotograf Peter Jeschke aus dem New Hampshire sinn se Motiver. Flüchteg Konschtwierker, déi mam éischte Sonnestral nees verschwannen.
