Déierentipp
22/01/2026

Muppemudderen kastréieren
Et gëtt Krankheeten, a gesondheetlech Problemer déi een bei engem Hausdéier verhënnere ka, wann een mat Zäit eppes ënnerhëlt. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth
d'Honey hat eng fatzeg Tumeur un de Mamen, grouss wéi eng Mandarine, wat un deem butzege Mupp dramatesch eriwwerkoum. Och un den anere Mamen waren eng sëlleche Knippercher ze frieden. Mat enger Röntgen ware scho Metastasen op senge Longen ze gesinn. Fir dat 15 Joer aalt Déier nach chirurgesch ze behandelen hat kee Sënn méi. Mat Medikamenter géint de Wéi an d´Infektioun gëtt d'Honey elo a Rou déi Zäit liewe gelooss, déi di Krankheet him nach léisst, déi mat enger fréier Kastratioun garantéiert ze verhënnere gewiescht wier.
