1981: MTV geet op Sendung

28/01/2026
1981: MTV geet op Sendung
Play

Den 1. August 1981, kuerz no Mëtternuecht, weist MTV, Music Television, déi éischt Biller.

Wat deemools wéi en Experiment kléngt, gëtt séier eng Revolutioun. Déi éischt Wierder hunn d'Richtung uginn: „Ladies and gentlemen, rock and roll.“ an direkt hannendrun den éischte Videoclip: „Video Killed the Radio Star“ vun The Buggles. Wéi mir haut wëssen, sollten d'Buggles net Recht behalen.

Bis dohinner gouf Musek haaptsächlech gelauschtert. Mat MTV ännert dat: Musek gëtt och gekuckt, wat awer och Drock fir d'Kënschtler ass, déi mussen net nëmme gutt kléngen, mee och visuell iwwerzeegen – mat Stil, Moud an enger staarker Inzenéierung.

An de Joren drop entsti Superstare wéi Michael Jackson, Madonna oder Prince. Hir Videoe si méi wéi Reklammen – et si kulturell Eventer. MTV gëtt responsabel fir de Look, d'Sprooch an d’Attitüd vun enger ganzer Generatioun.