Op de Punkt gewierzt: Kardamom - kleng Kapsel, groussen Aroma
30/01/2026

E Goût, deen hänke bleift
Hien ass kleng, bal onscheinbar – an awer ee vun de wäertvollste Gewierzer op der Welt: de Kardamom. Soubal een déi kleng gréng Kapselen opmécht, entwéckelt sech en intensiven Doft: frësch, liicht séiss an e bëssen schaarf. En Aroma, deen eis vun orientalesche Mäert bis an nordesch Bäckereie mathëlt.
