RTL Jobdag 06h50
05/02/2026

d'Arméi an 'Advisory Key' sichen
Iwwer 21‘000 Leit waren um Enn vum leschte Joer bei der Adem ageschriwwen, 1558 méi wéi am Dezember 2024. De Chômage-Taux bleift stabel bei 6,2%. Zuelen déi elo net encourageant kléngen. An awer wëlle mer haut Hoffnung maachen. Well et gëtt fräi Plazen, an zwar um RTL Jobdag an der City Concorde.
