Déierentipp

10/02/2026
Déierentipp
Play

Problemer beim Schéiferhond

Eisen ale Schéiferhond, de Rexi, mécht eis alt nees Misär. Nodeems hien schonn zanter Wochen heiansdo komesch gegierkst hat, iwwergëtt hien déi lescht 2 Deeg am héije Bou bal alles wat hien frësst. Awer eréischt e puer Stonnen no de Moolzechten. A ganz komesch: dat, wat hien erëmgëtt, gesäit dann ëmmer nach iwwerhaapt net verdaut, wéi frësch virdrun a senger Gamell aus.