Hitmaschinn 1971: Disney World

Et war e risegen Happening, den neie Park zu Orlando.
No Disneyland a Kalifornien 1955, den zweete Mickey-Mouse, Pluto, Donald a Co Park op der Welt. De 'Magic Kingdom' war den éischten Deel vum Park a Florida deen no an no ëmmer weider gewuess ass. Zwee Hoteller hunn deemools zum Resort gehéiert an 23 Attraktiounen. Wou d'Ouvertür vun Disney World war, war de Papp vum Projet, de Walt Disney scho fënnef Joer laang dout. De Spaass-Park gouf als Erweiderung vum Disneyland a Kalifornien gebaut wou net méi genuch Plaz war fir d'Fantasie vum Disney-Daddy. Sou gouf, net wäit vun Orlando e Sumpfgebidd dréche geluecht, Bëscher goufen ofgeholzt, Stroosse gebaut an amplaz koum eng eege Welt wou fréier och nach mat Disney-Dollare bezuelt gouf. Grouss Attraktioun, d'Cinderella-Schlass am Magic Kingdom Park, d'Symbol vum Park, d'Häerzstéck un deem zanter der Ouvertür kaum eppes geännert gouf. Méi spéit koumen dunn nach 4 Parken dobäi: Tokyo, Paräis, Hong Kong a Shanghai.
