Preview Berlinale: 3 Lëtzebuerger Filmer

12/02/2026
Preview Berlinale: 3 Lëtzebuerger Filmer
Play

Op der Berlinale, déi jo haut ufänkt, ass Lëtzebuerg gutt vertrueden matt 3 Koproduktioun, déi allendrei vun der Produktiounsfirma AMOUR FOU kommen.

Den Joy Hoffmann huet sech mamm Produzent Alexander Dumreicher ënnerhalen.

Jo et ass zwar kee vun den 3 Filmer an der Kompetitioun selektionéiert, se dierften awer trotzdeem allen 3, aus verschiddene Grënn, d'Opmierksamkeet op sech zéien. Bei zwee Filmer ass nämlech di éisträichesch Literatur-Nobelpreisträgerin Elfriede Jelinek mat implizéiert:

""Die Blutgräfin", La Comtesse sanglante mam Isabelle Huppert, do sinn Dialoge vum Elfriede Jelinek matgeschriwwe ginn. D'Realisatrice, Ulrike Ottinger, kennt d' Elfriede Jelinek scho ganz laang. Mir kennen d' Elfriede Jelinek och scho laang. An deen anere Film, dat ass "Die Liebhaberinnen" vum Koxi, enger Lëtzebuerger Realisatrice. Dat baséiert op engem Roman vum Elfriede Jelinek. An et ass wierklech eng immens flott Koinzidenz, datt déi zwee Filmer elo, déi zwee sinn elo zu Berlin. Jo, et ass eng risen Iwwerraschung a jo, fir eis natierlech eng rise Freed."

"DIE BLUTGRÄFIN" gëtt als Galavirstellung an der Sektioun "Berlinale Spezial" presentéiert. Déi Däitsch Realisatrice Ulrike Ottinger war schonn an de 70er an 80er eng bekannte Realisatrice am queere Berliner Undergroundmilieu...An, Alexander, mir hunn et hei mat engem Vampirfilm ze dinn.

"D'Isabelle Huppert spillt La Comtesse sanglante, Elisabeth Bathory, eng Vampirin, déi haut zréckkënnt op Wien an och op Lëtzebuerg. An d' Geschicht ass, do ass e Buch opgedaucht. A wann d' Vampirë, wann ee Vampir dat dote Buch géif liesen, da kënnt d' Vampirwelt op en Enn. An d' Isabelle Huppert ass am Fong geholl d' Grande Dame vun der Vampirwelt. An dat ass e grotesken, och witzegen, mee awer och durchaus tragesche Vampirfilm."

An der Niewesektioun "Forum", déi éischter fir méi speziell oft suguer experimentell Filmer geduecht ass, gesi mer dann "DIE LIEBHABERINNEN", deen d'Elfriede Jelinek 1975 geschriwwen huet, an dee vun der Lëtzebuerger Realisatrice Caroline Kox adaptéiert.

"An d' Fro ass, jo, wat ass de Wäert vum Kierper? Wat ass de Wäert vun der Fra an eiser Gesellschaft? A wéi kann eng Fra do onofhängeg ginn? An am Fong jo, et ass d' Iddi, dem COXI seng Thees : et huet sech scho vill verännert zanter de 70er Jore, mee et huet sech awer och vill net verännert an der sozialer Struktur vun eiser Gesellschaft, wéi Fraen do kämpfe mussen a wéi si behandelt ginn, a wat fir Problemer si hunn an eiser Gesellschaft. An dat hei ass eigentlech ee ganz staarke feministesche Film."

Di 3. Lëtzebuerger Koproduktioun mam Titel "ROYA" gëtt an der Niewe Sektioun "Panorama" gewisen, a kënnt vun der iranescher Realisatrice Mahnaz Mohammadi. Wéinst Aktivismus a Propaganda géint de Regime huet se am Iran Beruffsverbuet kritt,an se souz ënnert aneren och eng Rei Méint am berüchtegtem Evin Prisong zu Teheran. Momentan lieft se allerdéngs am Ausland.

"A mir hu mat him, dee do Film gemaach, a Georgien gedréint, well natierlech am Iran geet dat net, iwwer seng Zäit am Prisong. Also dat ass en Drama iwwer eng Fra, déi iwwerlieft am Widderstand géint d' Gesellschaft, géint d' Situatioun am Iran. An dee Film ass natierlech héich aktuell."