Kleng Knoll, grouss Kraaft: Ingwer

13/02/2026
Kleng Knoll, grouss Kraaft: Ingwer
Play

Op de Punkt gewierzt

Wat mécht den Ingwer esou speziell? Et ass virun allem de Schaarfstoff Gingerol. Deen ass responsabel fir déi typesch, waarm Schäerft an och fir vill vun de gesondheetleche Wierkungen. Ingwer gëllt als entzündungshemmend, e reegt d'Verdauung un an hëlleft géint Iwwelzegkeet. Ob bei Erkältung oder engem schwaache Mo, vill Leit schwieren op en Ingwer-Téi. An der Kichen ass den Ingwer haut net méi e Luxus, mee e feste Bestanddeel vu ville Platen. An asiatesche Curryen, an Zoppen, als Gewierz am Wok, oder och an eiser Kichen: am Kuch, an der Zooss oder als frësche Shot moies.