Berlinale 2026: Roya

Zu Berlin dréint sech dëser Deeg alles ëm de Film, fir eis op der Plaz ass den Joy Hoffmann.
Zu Berlin dréint sech dëser Deeg alles ëm de Film, fir eis op der Plaz ass den Joy Hoffmann. An dengem leschte Reportage has de kuerz de gudde franséische Film A VOIX BASE ugeschwat, mee du hues an tëschen Zäit och den éischte Lëtzebuerger Film gesinn.
Jo, No engem éischter gudden Ouverturesfilm, krute mer duerno e puer mësslongen a virun allem richteg langweileg Filmer gebueden. Mir wëllen déi einfach vergiessen, inklusiv den englesche Film EVERYBODY DIGS BILL EVANS, deen zwar formal bestiechend war, awer just de bekannte Jazzmuseker a senge laangen Depressioun- an Entziehungsphase gewisen huet.
De franco-tuneesesche Film A VOIX BASSE vum Leyla Bouzid, par contre huet eng staark an ëmmer interessant Geschicht erzielt iwwert latent an explizit Homophobie an Tunesien. Eng franséisch Ingenieurin bréngt hir Liewenspartnerin vu Paräis mat an hir Famill op Sousse, op d'Begriefnis vun hirem Monni. No a no entdeckt se dass hien homosexuell war, wat an der Famill entweder gewosst a vertuscht, oder ganz niéiert gëtt. An och hir eegen Homosexualitéit zouzeginn an hir Frëndin der Famill ze presentéieren ass keng einfach Saach. De Film beschreift of nuancéiert an diskreet Manéier d'Personnagen an d'Konflikter, an denoncéiert di gesellschaftlech Tabuen ronderëm d'Homosexualitéit. Villäicht ass de Film mat Momenter e bësse pedagogesch, wuel och well e sech och un tunesesche Public wenne wëllt, dee manner offe fir dëse Sujet ass.
Ouni falsche Chauvinismus wéilte mer behaapten, dass no 4 Deeg Festival di Lëtzebuerger Koproduktioun ROYA vun der iranescher Realisatrice Mahnaz Mohammadi, zu de beschte Filmer gehéiert, déi mer bis elo hei gesinn hunn. De Film ass an der Niewesektioun "Panorama" gewise ginn, an hätt duerchaus eng Plaz an der Competitioun verdéngt gehat.
De Film verzielt d'Schicksal vun enger Iranescher Aktivistin, déi genau wéi d'Realisatrice selwer, méintelaang am berüchtegten Evin Prisong zu Teheran an Isolatiounshaft verbruecht huet. Se gëtt kuerz entlooss matt enger elektronescher Foussfessel, fir op d'Begriefnis vun hirer Schwëster ze goen, a virun allem fir en ëffentlecht Geständnis ze maachen, soss geet de Wee zeréck an de Prisong.D'Perspektiv vum Film ass permanent déi vun der Roya: am Prisong, dat wat se gesäit, matt verbonnenen Aen, wat se héiert, d'Kreescher vun den anere Prisonéier; dobausse vermëschen sech dann Vergaangenheet a Géigewaart, verschiibt sech d'Zäitgefill, an esou vermëttelt de Film op intensiv Manéier wéi d'Isolatiounshaft souwuel d'Perceptioun, wéi och d'Identitéit verännert, wéi de Mënsch ënnerlech zerbrécht, a kaum nach ka Widderstand leeschten.
" Dat ass ee Film am Kader vum Cineworld-Programm vum Film Fund..." erkläert de Produzent vun Amour Fou,Alexander Dumreicher. "e ganz wichtege Programm, fannen ech, a fanne mir bei Amour Fou, well de Cineworld-Programm, dat ënnerstëtzt. Domat ënnerstëtze mir Réalisatricen a Realisateuren, déi a ganz schwierege Konditioune Filmer maachen."
Et éiert Lëtzebuerg esou Filmer ze ënnerstëtzen; déi bréngen och oft vill Nominatiounen op internationale Festivaller mat sech. Schéi wär et wann och méi Filmer vu Lëtzebuerger Realisateuren -tricen op Festivaller géife selektionéiert ginn.
