Berlinale 2026: Die Blutgräfin

18/02/2026
Berlinale 2026: Die Blutgräfin
Play

Virgëschter Owend war zu Berlin d'Weltpremière vun der Lëtzebuerger Koproduktioun DIE BLUTGRÄFIN vum Ulrike Ottinger mam Isabelle Huppert an der Haaptroll.

De Film ass Hors-Competitioun an der Sektioun 'Berlinale Spezial Gala' gelaf an ass am viraus méi wéi nëmmen eng Kéier als en Highlight vum Festival presentéiert ginn. De Joy Hoffmann huet de Film op der Berlinale gesinn.

Wann ee wëll eppes iwwert de Film soen, muss ee vir d'éischt iwwert di däitsch Realisatrice Ulrike Ottinger schwätzen. Si ass eng unerkannte Fotographin, an an de leschte Joren och eng kotéiert Molerin. Virun allem war se awer bekannt fir hir Avant-garde Filmer, déi se an de 70er an 80er Joren am feministeschen a queeren Underground Milieu zu Berlin gedréint huet. Filmer, wéi "Bildnis einer Trinkerin" (1979) oder "Freak Orlando"(1981), waren an der Form, visuell ganz staark, éischter collage-arteg, ..voller faarwegen a bewosst kitschegen Dekoren, a wäit ewech vu klasseschem, narrativem Kino.

Ëmsou erstaunt war ech, wéi dunn di renomméiert Zäitschrëft "The Hollywood Reporter" virun der Berlinale iwwert DIE BLUTGRÄFIN vun engem "hotly anticipated horror mystery thriller " geschwat huet. De Lëtzebuerger Koproduzent vum Film den Alexander Dumreicher sot dann och: "..dat huet eng ganz klassesch narrativ Struktur, eeben eng Vampirfilmstruktur, eng Genrefilmstruktur an wat an deem Film wierklech besonnesch speziell ass, deen huet eeben d'visuell Welt, d'kënschtleresch Welt vum Ulrike Ottenger en Combinaison mat enger klassesch narrativer Geschicht a mat engem Starcasting."

Wuel geet et um Pobeier ëm eng Vampirfamill, déi onbedéngt e Buch muss fannen, soss geet hir Onstierflechkeet fleeten. Op der Sich ginn se vun der Police verfollegt a se hannerloossen och e puer Affer mat Bësswonnen. Allerdéngs gëtt et hei, contrairement zu engem normale, klasseschen, narrative Film, weder Action, nach Spannung, keng Personnagen déi psychologesch entwéckelt wieren, a mat deenen ee sech iergendwéi kéint identifizéieren, och keng richteg Thematik, also näischt un dat de normale Kinogänger gewinnt ass. An ob dat, wat witzeg geduecht ass, och esou eriwwer kënnt, hänkt wuel vum Eenzelen of. Dëst gesot, brilléiert de Film awer duerch visuell spektakulär gefilmten Dekoren, besonnesch zu Wien, wéi mer se schonn aus den Ottinger Filmer vu viru 45 Jore kennen. An .. verschidde modern Variatiounen zum Vampirfilm, wéi z.B e Vegetarier an der Famill, oder am allgemengen di skurril a grotesk Figuren, kënnen duerchaus interesséieren. Et muss ee blouss bereet sinn, sech op esou e Genre Kino anzeloossen. Soe mer zum Schluss nach, dass d'Conchita Wurst am Film séngt, den André Jung a Marco Lorenzini als geléiert Vampyrologen matspillen, d'Dekore vum Christina Schaffer an de Montage vum Pia Dumont sinn, also eng staark Lëtzebuergesch artistesch Contributioun.