Déierentipp
19/02/2026

en drolegen Appetit bei engem Kueder
D'RTL Déierendoktesch Romi Roth stellt eis den Tommy vir. E jonk, rout getigeregte Kueder, dee vu Baby un, eng ganz komesch Ondugend hat. Hien huet virun allem, wann hien emol eleng war, alles gejickt, wat him ënnerkoum. Mat enger gewësser Präferenz fir d'Gummis-Ëmmantelung vun elektresche Kabelen an all méiglechen Emballagen, virun allem där, an deene virdrun eppes fir z'iesse gewunnt huet. Bei de meeschte Muppe géif dat nach als eenegermoossen normal duerchgoen, bei enger Kaz ass dat u sech schonn eng Pathologie a gëtt 'Allotriophagie' genannt.
