Berlinale: Nina Roza & Rose

20/02/2026
Berlinale: Nina Roza & Rose
Play

Zu Berlin gëtt sech sou lues awer sécher op der Schluss vun der Berlinale preparéiert.

De Joy Hoffmann huet elo gutt dräi Véierel vun de Filmer gesinn. En éischte provisoresche Bilan kann en eis jo wuel schonn zéien.

Et war sech jo kaum ze erwaarden, scho wéi de Programm ugekënnegt gouf, dass mer hei besonnesch vill grouss Wierker géife gesinn.

Niewent enger ganzer Rei Filmer, naja ..soe mer déi ee méiglechst schnell wëll vergiessen, waren der trotzdeem eng Rei derbäi, déi wuel keng Meeschterwierker waren, mee déi trotz hire Mängel awer interessant waren.

Sou zum Beispill den englesche Film QUEEN AT SEA mam Juliette Binoche, deen ouni Tabuen d'Problematik vun der Autonomie an de Responsabilitéiten an enger eelerer Koppel thematiséiert, an där d'Léift an de Sex nach eng wichteg Roll spillen, trotz der avancéierter Demenz vun der Fra.

En anere Film a Kompetitioun, dierft d'Leit zu Lëtzebuerg direkt interesséieren, well en a gutt zwou Woche schonn um Luxfilmfest gewise gëtt.

Am Kanadesche Film NINA ROZA (vun der Geneviève Dulude-de Celles.) reest e Konschthändler vu Montreal zeréck a säi Bulgarescht Heemechtsland, fir ze ënnersichen op hannert de Biller vun engem mysteriéise Wonnerkand, sech net eng Arnaque verstoppt. Trotz enger Rei Längten, behandelt de Film d'Thema vum Exil, vun der Identitéit a virun allem vun der Authentizitéit op eng nuancéiert Manéier. Hei kollidéieren d'Artificen, d'Prätensiounen an di finanziell Interête vun dem internationale Konschtmilieu, matt méi einfachen, villäicht awer méi authenteschen a buedemstännegen Artisten.

Bis elo stécht awer ee Film an der Kompetitioun ervir, an dat bei Wäitem: R O S E vum Eisträicher Markus Schleinzer mam Sandra Hüller an der Haaptroll. D'Sandra Hüller ass niewent dem Diane Kruger wuel di eenzeg däitsch Actrice, déi internationale Starstatus genéisst, net zulescht wéinst hirer Oscar Nominatioun am franséische Film, a Palme d'Or Gewënner, "Anatomie d'une Chute".(Justine Triet 2023)

Si spillt op magistral Manéier, en Zaldot, deen am 17. Joerhonnert nom 30 järege Krich an en entleent protestantescht Duerf kënnt. Hie gëtt sech als rechtméissegen Iewen aus vun engem verloossenen Haff, op deen en sech installéiert. Fir den Zuschauer, ass schnell kloer, dass den Zaldot eng Fra ass, net awer fir d'Duerfgemeinschaft, déi hien, nodeem den Haff erëm opblitt, matt dem Nopesch Baueremeedche bestueden. Dat jonkt Meedchen, mécht d'Spill och mat, mee schlussendlech gëtt et un de Geschlechterrollen an de Reegelen a Gesetzer vun enger fraefeindlecher Gesellschaft näischt ze fréckelen.

ROSE ass klasseschen, a Schwaarz/Wäiss gedréinten Erzielkino vum Feinsten, an deem et ëm di universell Froe vun der Geschlechteridentitéit geet. Matt Sécherheet wäert ROSE hei op der Berlinale e Präis kréien, éier en duerno direkt och am Kader vum Luxfilmfest op Lëtzebuerg kënnt.