Berlinale 2026: Liebhaberinnen

De Festival vu Berlin geet muer op en Enn an den Joy Hoffmann huet och mëttlerweil all Kompetitiounsfilmer sinn,.
Grad ewéi de leschte Lëtzebuerger Bäitrag, deen an der Niewesektioun "Forum" gewise" gouf.
De Film LIEBHABERINNEN vum der Lëtzebuerger Realisatrice Koxi, ass fräi adaptéiert nom Elfriede Jelinek hirem Buch mam nämmlechten Titel. Wa mer ons, wéi d'Auteure vum Film, op dem Elfriede Jelinek hirem feministesche Buch, dat 1975 geschriwwe gouf, orientéieren, an deenen d'Fraen an totaler gesellschaftlecher Ofhängegkeet vun de Männer sinn, musse mer acceptéieren, dat dat haut net méi an deem Mooss de Fall ass, an dass d'Koxi versicht en anere Wee anzeschloen. Dem Jelinek hier zerhakten a repetitiv Sprooch vermëttelt d'Aussichtlosegkeet vun hiren zwou zentrale weibleche Figuren. De Pendant dozou am Film hëllt d'Form un, vun engem total nervegen, clipaartegen 100 Minutte laangem Geklimpers um Iphone, dat offesiichtlech repräsentativ steet fir eng Gesellschaft, déi dem onkontrolléierte Chaos an Drock vum Bild ënnerworf ass. An deem patchwork-aartegen inhaltleche Chaos, gi leider d'Haaptpersonnagen deelweis mat ënner. Dës Iwwerflächlechkeet schwächt dann och di wuel ugestriefte feministesch Kritik zu engem gudden Deel of, an et bléift éischter eng total zynesch Visioun vun enger Gesellschaft, an där een deen aneren exploitéiert; an dobäi kënnt kee gutt ewech.
Nodeem mer dann elo all Filmer a Competitioun gesinn hunn, kënne mer ons just widderhuelen: Berlin huet echt Problemer fir u staark éischtklasseg Filmer ze kommen, vu renomméierte Realisateuren, a fält ëmmer méi of par Rapport zu Cannes a Venedeg.
De Festival wierkt bal verzweifelt, wann e muss fir seng Competitioun op e Film zeréckgräifen, dee schonn op engem anere grousse Festival a Competitioun war . Esou gouf den amerikanesche Film JOSEPHINE, mam Channing Tatum an enger Haaptroll, um renomméierte Sundance Film Festival gewisen a krut do och nach zwee wichteg Präisser. Et geet an dësem excellente Film ëm en 8 järegt Meedchen, dat Zeie vun enger Vergewaltegung gëtt an um Geriicht muss aussoen. Et géif nach just feelen, dass de Jury vun der Berlinale, deen elo nach eng Kéier géif priméieren.
Fir sech ofzegrenzen, wëllt Berlin sech traditionell méi politesch ginn, wéi di aner Festivaller. De Wim Wenders, President vum Jury, hat awer direkt um Ufank vum Festival e Statement gemaach, am Kontext vum Gaza Krich, dass awer Politik a Konscht zwou opposéiert Welte wieren, wat fir vill Protester gesuergt huet, an d'Festival Direktesch a Verleeënheet bruecht huet. De Wim Wenders konnt duerno awer säi Kapp a Rou leeën, well e krut ausnamsweis ganz wéineg politesch Filmer an der Competitioun gebueden, an zwee vun de wuel beschten dovun, sinn net als politesch anzestufen. Iwwert een, den excellenten ROSE hu mer scho geschwat. E weideren éisträichesche Film THE LONELIEST MAN IN TOWN kéint een och zu d'Favoritte fir de Palmarès zielen. Dës Docu-Fiction zeechent en herrlech nostalgesche mat dréchenem Humor duerchsate Portrait vun engem eelere Wiener Jazzmuseker, deen an der Welt vum Elvis an dem amerikanesche Blues schwelgt.
