Déierentipp

24/02/2026
Déierentipp
Play

en adoptéiert Déier kann eng Virwëtztut sinn

Wann ee sech en Hausdéier uschaaft, stellt sech d'Fro op een éischter eent aus dem Déierenasyl hëlt, oder bei engem Ziichter uklappt. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth kennt de Problem.

Zwar war iwwert dem Edy seng Originnen am Fong weider näischt gewosst, mee et ass direkt opgefall, dass de neie Familljemember rabbeleg dënn an och zimmlech mackeg war.

Natierlech ass hien dunn emol op déi gängegst Daarmparasitten, mee och op sougenannt Vecteurs-Kränkten ënnersicht ginn. Hien hat du schonn emol eng 'Ehrlichiose'. A vu dass net gewosst war, wouhier hien koum a wouhinner ee mat him scho gereest war, sinn och emol d'Süd-Kränkten wéi d''Babesios' an d''Leishmannios' gecheckt ginn. Mat deemools, virun annerhallwem Joer, ganz kloer negativem Resultat.