Gesondheetstipp: Vitaminn D an Osteoporos

25/02/2026
Gesondheetstipp: Vitaminn D an Osteoporos
Play

och wann d'Sonn net schéngt

Vitaminn D ass e Vitaminn dat de Kierper, wann d'Sonn schéngt, selwer hierstellt an dat enorm wichteg ass fir d'Gesondheet vun de Knachen, d'Funktioun vun de Muskelen an den Immunsystem. Den Dr Marc Keipes, aus dem Gesondheetszenter op der Gare weess awer wat ee maache kann, wann d'Sonn net schéngt an dass et net egal ass wéi vill Vitaminn D een zou sech hëlt.

Si roden, dass et besser ass kleng Dosen mat 800 bis 1.000 Unitéiten, mee all Dag ze huelen, bei genuch Kalzium apport, wéi héich doséiert Dosen 1-2x de Mount ze huelen. Dat reegelméissegt géif hinnen no, notamment déi net vertebral Frakturen, also haaptsächlech Hëft, ëm 16% reduzéieren.