Mini-Entreprisen dëse Weekend an der Belle Etoile

26/02/2026
Mini-Entreprisen dëse Weekend an der Belle Etoile
Play

84 Stänn presentéieren sech e Freideg an e Samschdeg

D'Myriam Baustert, Programm Managerin vun de "Jonk Entrepreneuren Lëtzebuerg" huet erkläert wat et mam Projet vun de Mini Entreprisen op sech huet.

E Projet fir Jonker tëscht 16 a 19 Joer deen an de leschte Joren ëmmer méi grouss ginn ass a bei deem et virun allem drëms geet éischt Erfarungen ze sammelen.

Och fréier Participanten aus dem Programm vun de Mini-Entreprisen bewäerten d'Stänn a wielen hire Favorit.

E Freideg leeft dat Ganzt vu 14-19 Auer

Samschdes da vu 9 bis 18 Auer.