Kanéil - Méi wéi nëmmen e Wantergewierz

06/03/2026
Kanéil - Méi wéi nëmmen e Wantergewierz
Play

Wann et no Wanter richt, no Chrëschtdag oder no frëschem Gebäck da läit meeschtens ee Gewierz an der Loft: Kanéil. Mee dëst brongt Polver kann vill méi wéi nëmmen eis Kichelcher aromatiséieren. Kanéil kënnt ursprénglech aus Sri Lanka a gëtt aus der Schuel vum Kanéilsbam gewonnen. Dës gëtt geschielt, gedréchent a rullt sech dobäi ganz natierlech zu de bekannte Kanéilsstaangen zesummen. Schonn an der Antik war Kanéil e wäertvolle Produit. Arabesch Händler hunn en iwwer d’Seidestrooss an Europa bruecht. Am Mëttelalter war e sou deier, datt e bal wéi Gold gehandelt gouf.