Coupe du Printemps
09/03/2026

D'Coupe du Printemps ass eng international Äiskonschtlaf Competitioun, déi zanter 1978 hei zu Lëtzebuerg organiséiert gëtt. Et ass e järlechen Treffpunkt, wou international Äiskonschtleefer vun héchstem Niveau op Lëtzebuerg komme, fir sech hei ze moossen. Dräi Deeg laang vum 13. bis de 15. Mäerz dréint sech alles ëm Eleganz, Dynamik a Leidenschaft um Äis. Vun impressionanten Spréng iwwer graziéis Pirouetten bis hin zu emotionalen Choreographien - de Public däerf sech op héichklasseg Performancen freeën.
