Hitmaschinn 1979: Jorhonnert-Wanter

Bei eis am Land hate mer deemools nämlech e Joerhonnert-Wanter wéi dacks gesot gëtt,.
Och nach 'Snowpocalypse' genannt. Also eng 'Schnéikatastrof' mat gutt 60 cm Schnéi am Norden a bal 30 op der Musel. Ugefaang hat dee Joerhonnert-Wanter kuerz virum Joreswiessel. Gedauert huet e bis wäit an de Februar 1979 eran.
De Schnéi a meterhéich Wicken hu verschiddene Regiounen vum Land isoléiert. Stroosse waren net befuerbar. En normaalt Liewe war op ville Plazen guer net méi méiglech. Stroumleitunge sinnn zesummegebrach. Et goufe Problemer mat der Versuergung ë.a. vu Liewensmëttel. Dokteren an Ambulanze koumen nëmme schwéier un hiert Zil. D'Arméi huet missen agesat gi fir mat schwéierem Geschier d'Weeër fir d'Rettungsdéngschter fräi ze maachen. D'Baueren hate Problemer fir hir Déieren ze fidderen. D'Mëllech vun de Kéi konnt net ofgeholl ginn an huet missen ewech geschott ginn. Schoule waren zou. Et sollt Wochelaang daueren bis déi Schnéimassen komplett geschmolt waren. Lëtzebuerg, grad ewéi vill weider Länner a Mëtteleuropa war paralyséiert.
