Charity Run am Kolléisch

17/03/2026
Charity Run am Kolléisch
Play

Lafe fir de gudden Zweck - dat ass d’Iddi hannert dem Charity Run am Kolléisch. Och dëst Joer komme Schüler, Enseignanten a Frënn vun der Schoul zesummen, fir mat Sport Solidaritéit ze weisen. Organiséiert gëtt den Event vun der ONG Athénée – Action humanitaire, déi sech fir verschidde sozial a pedagogesch Projeten engagéiert. D’Suen ënnerstëtzen ënner anerem Initiativen an anere Länner, zum Beispill am Beräich Educatioun, Ernierung oder Nohaltegkeet.