Literatur fir onroueg Zäiten
17/03/2026

Erënnerung un de Siegfried Lenz, deen haut 100 Joer al gi wier.
De Siegfried Lenz ass ee vun de wichtegsten däitsche Schrëftsteller vun der Nokrichszäit – an ee vun de populäersten. Bal drësseg Milliounen Exemplaire vu senge Bicher hunn sech weltwäit an iwwer zwanzeg Sprooche verkaf. Säin Haaptwierk, de Roman „Deutschstunde“, steet och a Lëtzebuerger Schoulen um Programm. Wie war dee Mann, dee virun 100 Joer gebuer gouf, a firwat gëtt hien nach haut gelies? De Literaturkritiker Jérôme Jaminet mat engem Portrait.
