Roadtrip mat Risiko - D’Fräschen an d'Mouke sinn ënnerwee!
19/03/2026

Mat de méi mëllen Temperaturen am Fréijoer fänkt zu Lëtzebuerg eng ganz wichteg Zäit fir eis Amphibien un: d’Moukewanderung. Fräschen, Mouken a Molchen maachen sech dann op de Wee vun hirem Wanterquartier zeréck bei hir Läichgewässer, wou si sech fortplanzen. Fir d’Déieren ass dat eng geféierlech Rees, well si dacks iwwer Stroosse mussen. All Joer ginn dausende vun Amphibien op dësem Wee iwwerfuer. Fir dat ze verhënneren, gi vill fräiwëlleg Beschützer aktiv.
