Frigo oder net? Déi wichtegst Eeër-Froen

26/03/2026
Frigo oder net? Déi wichtegst Eeër-Froen
Play

Ouschtere steet virun der Dier an domat och eng ganz Partie Eeër an eiser Kichen. Eeër si kleng Naturwonner, mee si hunn och hir Launen. Fir datt se sech bei iech doheem wuel fillen, gehéieren se eigentlech an de Frigo, awer net an d’Dier! Do hunn se ze vill Action beim Op- an Zoumaachen. Besser ass eng roueg Plaz an der Mëtt. An am beschte bleiwe se och schéin an hirem Kartong - quasi hirem “Appartement”. Ma wéi laang dierfen se bleiwen?